MÄI SPIDOL

 

An deene verschiddenen Urgencen am Land ginn all Mount am Schnëtt iwwer 25.000 Patiente gesinn a behandelt.

Dr Martine Goergen, Generaldirektesch vum CHL: 

An deene verschiddenen Urgencen am Land ginn all Mount am Schnëtt iwwer 25.000 Patiente gesinn a behandelt. Op e Joer gesi kennt een op eng Zuel, déi méi ewéi en Drëttel vun der Bevëlkerung  ausmécht. Ouni e staarke Spidolssecteur ass dat net ze packen.

 

Mat de Spideeler zesumme suergen eng ganz Rei spezialiséiert Ariichtunge fir eng beschtméiglech Betreiung

Dr Gaston Schütz, Direkter vum Rehazenter

Mat de Spideeler zesumme suergen eng ganz Rei spezialiséiert Ariichtunge fir eng beschtméiglech Betreiung vun de Patienten. D’Rehabilitatioun ass ee Beispill. Hei gëtt de Parcours vum Patient, deen aus dem Spidol kennt  weidergefouert.  Des Kontinuitéit ass wichteg a muss ausgebaut ginn.  

 

An de Spideeler schaffen Dag fir Dag Dokteren, Soignanten a Leit mat méi ewéi 50 verschidde Beruffsprofiller.

Sylvain Vitali, Direkter a.i. vun der Spidolsfederatioun:

An de Spideeler schaffen Dag fir Dag Dokteren, Soignanten a Leit mat méi ewéi 50 verschidde Beruffsprofiller. E Spidol, dat ass eng Organisatioun an dir vill kleng Rieder aneneegräife mussen.  An am Zentrum steet de Patient.  

 

Gesondheetsversuergung ass eng Saach vu Mateneen

 

Dr Jean-Marc Cloos, medezineschen Direkter vum CHDN:

D’Spideeler si keng Inselen – si si vernetzt mat aneren Acteure aus dem Gesondheetssystem wéi de Generalisten an de Fleegesréseauen. Gesondheetsversuergung ass eng Saach vu Mateneen. Fir de Patient op der richteger Platz. Esou soll et sinn.

 

An de Spideeler am Land ginn all Joer bal zweehonnert Dokteren ausgebilt.

 

Dr Marc Berna, Generaldirekter vun den HRS:

An de Spideeler am Land ginn all Joer bal zweehonnert Dokteren ausgebilt, déi am gaange sinn sech ze spezialiséieren. D’Roll vun de Spideeler an der Formatioun awer och an der Fuerschung si fir eist Land a d’Zukunft vun der medezinescher Versuergung essentiel.

 

Dofir brauch De Spidolssecteur déi néideg Mëttel. Fir Qualitéit a Sécherheet ze garantéieren.

 

Dr René Metz, Generaldirekter vum CHEM

Den Zougang fir jiddereen zum Spidol an enger héichwäerteger medezinescher Betreiung ass hei am Land ofgeséchert. Dat soll esou bleiwen. Dofir brauche mir déi néideg Mëttel. Fir Qualitéit a Sécherheet ze garantéieren.